Vun 2003 bis 2006 un der Spëtzt vun der Jugendorganisatioun
Deem oftriedenden Nationalpresident, Patrick COENJAERTS, e grousse Merci fir säin Engagement
Patrick,
Haut (um Landjugenddag 2006) geet déng Ära als Nationalpresident leider zu Ënn. Du hues d’Lëtzebuerger Landjugend zënter dem Landjugenddag am Joer 2003 geleet. Dank déngem Asaz huet eis Organisatioun an deene leschten 3 Joer ëmmer nees no bausse konnte weisen wat si ass: een dynameschen Jugendmouvement, deen sech duerch säi sozialt Engagement vun aneren ënnerscheed.
Am Mëttelpunkt vun dësem sozialen Engagement stoungen virun allem déi zwou Landjugend-Power-Aktiounen, déi ënnert dénger Féierung organiséiert gi sinn. Am Joer 2004 sinn esou an de Gemengen Rouspert, Wanseler, Récken un der Mess, Baastenduerf a Wëntger regional Aktiounen am Intressi vun der Allgemengheet mat Erfolleg duerchgefouert ginn. Dat lescht Joer konnt am Kader vum europäeschen LEADER+ Programm an an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Heischent an no laange Preparatiounsstonnen, déi éischt grouss national Landjugend-Power-Aktioun an der Fuusekaul realiséiert ginn.
Nieft dëse flotten Initiativen hues du eis Memberen ëmmer nees fir Aufgaben konnte begeeschteren, déi aus deem übleche Kader vun der LLJ erausgaange sinn. Ech dénken hei un d’Journées de réflexion zu Medernach, d’Valisenaktioun zu Iechternach am Kader vun der Weltjugenddeeg zu Köln, de Mensch-Ärgere-Dich-Turnéier zu Dikrech, …
Et soll och ënnerstrach ginn, datt eis Organisatioun sech ënner dénger Presidentschaft nei Statuten ginn huet an sech zu enger A.s.b.l. konstituéiert huet. D’Realisatioun vum neie Logo vun der Landjugend ass op däin Impuls hinn zustane komm.
Och dierf een déi sëllechen Stonnen net vergiessen, déis du fir dLLJ am Asaz wars, sief dat a Versammlungen, an eise Nationalkomiteeën, fir Preparatiounaarbechten zu deen uewe genannten Aktvitéiten, …
Patrick, du sees äis zwar haut Äddi an dénger Fonktioun als Nationalpresident, mee ech hoffen, dass du nach weiderhinn een oppent Ouer fir d’Lëtzebuerger Landjugend hues an datt mir dech nach dacks remgesinn.
Huel dëse Cadeau als Merci vun äis un, fir däin Engagement am Intressi vun eiser Jugendorganisatioun…
Laurent FRANTZ
Vize-President LLJ






