CTAA – Visite de suivi 2011

Aarbechts-Visite vun de Vertrieder vun der ONG

Vum 19. Februar bis den 5. Mäerz 2011 waren de Project-Manager Marcel Scheidweiler an de Permanent Franz Glodt op Aarbechts-Visite am CTAA zu Imasgo.

No der Tournée an den implizéierten Dierfer Sabouna a Koalma an de Gespréicher mat de Vertrieder vun de respektive Bauerenorganisatiounen ass zu Imasgo – zesumme mat de Verantwortlechen vum Centre technique de l’amélioration de la traction asine – de Point vun der Situatioun am CTAA gemaach ginn. Dono hunn sech d’Vertrieder vun der ONG während 4 Deeg un der virgeschriwwener jährlecher Réunioun vum Comité de pilotage stratégique (CPS) bedeelegt – wou déi lokal Acteure vum Centre an d’Vertrieder vun den Bauerenorganisatiounen vun Imasgo, Koalma, Sabouna an Tiogo zesummekommen – fir gängeg Froen zum Verlaf vum CTAA opzewerfen an de Programm vum lafende Joer ze bespriechen.

Um CPS huet sech och de franséischen Expert an der Zootechnie, den Dr Philippe Lhoste bedeelegt, deen déi am Projet programméiert Mission d’appui technique vum 24. Februar bis den 9. Mäerz 2011 duerchféiert huet. Zu deene breetgefächerten Aufgaben vum Här Lhoste zielen d’Ënnerstëtzung vum Staff vum CTAA beim Experimentéieren an dem Virféieren vun der fachgerechter Aarbecht mam Iesel, beim Uleeë vu Gringfudder-Parzellen, den Iwwerleeungen zu der spéiderer Liewensfähegkeet an der Eegestännegkeet vum CTAA, …

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.