D’Begleedung vun der Kooperatiounsaarbecht gëtt verstäerkt

Wéi de laangjärege President vun eiser Associatioun, den Abbé Leo Wagener, et am Edito vum ONG-News Nr. 15/2012 ugekënnegt huet, huet de Verwaltungsrot vun der ONG am Mäerz 2012 d’Decisioun geholl, fir eng qualifizéiert Aarbechtskraaft mat enger 20-Stonnen-Tâche anzestellen. Mat dësem Schratt kann déi erfuerdert an intensiv Begleedung vun eiser Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika nom Wiessel un der Spëtzt vun der Organisatioun weider ausgebaut ginn.

Mir sinn deemno frou an iwwerzeegt, datt mir mat der Madame Jacqueline Monville eng kompetent a zouverlässeg Fachkraaft fonnt hunn, fir de Project-Management vun eiser Kooperatiounsaarbecht op professioneller Basis ze garantéieren. D’Madame Monville huet hir nei Fonktioun den 1. Juni 2012 an der Zentral vun eise Jugendorganisatiounen an Ugrëff geholl. Mir wënschen eiser neier sympathescher Mataarbechterin – déi iwwregens perfekt Lëtzebuergesch schwätzt – vill Satisfactioun bei der Aarbecht am Interessi vun de Populatiounen an Afrika a ginn hir heimat d’Geleeënheet fir sech de Memberen, de Frënn an Donauteuren vun eiser ONG virzestellen: Jacqueline Monville

LLJ – Service Coopération

Comments are closed.