Eemol méi huet den Organisateur vun der Foire Agricole de Grondschoulkanner an hirem Léierpersonal en intressanten an ofwiesslungsräichen Dag op der Foire Agricole ugebueden. E Freideg, den 29. Juni 2012 hunn d’Schoulkanner a verschiddenen Atelieren – déi an Zesummenaarbecht mat den Aussteller ausgeschafft gi sinn – d’Geleeënheet kritt, fir d’Landwirtschaft mat hirer ganzer Villfalt ze entdecken an ze erliewen.
De Membere vun der LLJ – JB&JW, déi sech op benevoller Basis den Dag iwwer fir den Accueil an d’Begleedung vun de Schoulklassen agesat hunn, soe mir ee ganz grousse MERCI!
Feedback vun enger Léierin vu Miersch: Léif Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer, ech wollt Iech nach eng Kéier Merci soen, datt mir haut bei Iech op d’Foire Agricole komme konnten. Déi 3 Atelieren, wou mir duerfte matmaachen (17, 19,12) ware super flott, ware ganz kandgerecht an haten de Kanner och ganz gutt gefall.
Respekt fir déi ganz Organisatioun – Super! Villmools Merci – mir komme ganz gären dat nächst Joer nees bei Iech ! 🙂
Feedback vun enger Léierin vu Berbuerg: Mir haten e flotten Dag op der Foire! De Kanner huet et super gutt gefall an d’Ateliere waren och ganz flott! Déi nächste Kéier brénge mer dann hoffentlech besser Wieder mat!