Bulletin vun der ErwuesseBildung zum Thema: Ouni Bauere geet et net

ErwuesseBildungDe Bulletin vum Februar 2013 vun der ErwuesseBildung geet am Detail op d’Bauerewelt hei zu Lëtzebuerg an an der Welt an. Ënner dem Thema “Ouni Bauere geet et net” ginn déi verschidde Facetten vun der Aarbecht an der heiteger Landwirtschaft beliicht. Och d’Verbandsaarbecht innerhalb vun der “Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer” an am Speziellen vun de “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” gëtt an engem Interview mam Jeff Boonen, President LJB&JW, a mam Franz Glodt, Permanent LLJ – JB&JW, thematiséiert. D’Froe goufe vum Michèle Scholer vun der ErwuesseBildung gestallt.

Downloads

Hannerlooss eng Äntwert