CEJA-Seminar a Schweden

A Vertriedung vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer hunn sech de Jeff Boonen, President, de Séverin Boonen, säi Papp, de Christian Hahn, Member vum Präsidium, an de Laurent Frantz, CEJA-Vize-President, vum 21. – 23. Januar 2013 a Schweden um CEJA-Seminar bedeelegt.

Während  dem Seminar gouf déi heiteg EU-Agrarpolitik mat där vu virun 20 Joer verglach. Fir d’LJB & JW hunn de Jeff a säi Papp dëst un Hand vu konkrete Beispiller presentéiert. Um Uschloss un de Seminar stunge Betribsvisiten um Programm.

Artikel iwwer de Seminar vum Jeff Boonen

CEJA, Downloads, Fotoen

Hannerlooss eng Äntwert