E wonnerbare Gest vun de Massendénger aus dem Parverband Veinen

Am Kader vun hirer Adventsaktioun 2013 hunn d’Massendénger aus dem Parverband Veinen, de 7. Dezember 2013 op Baastenduerf agelueden, wou si no der Mass Glühwäin, Kuch, … a villes méi ugebueden hunn, fir mat dem Erléis d’Kooperatiounsaarbecht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer am Burkina Faso ënnerstëtzen ze kënnen.

No der Adventsmass ass de Marcel Scheidweiler, laangjärege Projektmanager vum Kooperatiounsprojet CTAA (Centre Technique de l’Amélioration de la traction Asine), op d’Aarbecht agaangen, déi zënter 2008 zu Imasgo, Koalma, Sabouna an Tiogo zesumme mat dem lokale Partner AMUS (Mains Unies du Sahel) an de respektive Bauerenorganisatiounen (CVD – Comité Villageois de Développement) am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung geleescht gëtt.

E Samschdeg, de 24. Mee 2014 konnt dunn déi offiziell Scheckiwwerreechung zu Tandel bei Geleeënheet vum sougenannte Massendéngerdag virgeholl ginn.

Zesumme mat hirer Betreierin, der Madame Claudine Dondelinger, dem Här Deche Patrick Hubert an dem Här Nico Walisch, Member vum Parrot, hunn d’Kanner de Vertrieder vun der ONG – dem Marcel Scheidweiler a Carlo Schiltges, Vizepresident – déi impressionant Zomm vun 3.000 € iwwerreecht, déi si während hirer Adventsaktioun fir déi gutt Saach erwirtschaft hunn.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir de Kanner, hirer Betreierin an all deenen, déi si bei dëser Aktioun ënnerstëtzt hunn, e ganz grousse Merci fir dee wonnerbare Gest vu Solidaritéit mat dem mannerbemëttelte Bauerestand am Burkina Faso.

 

Fotoe: Philippe Mitsch

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert