Scheckiwwerreechung vun der APERLTA

IMG_2981 - 2E Freideg, den 20. Juni 2014 huet d’APERLTA aus dem Lycée Technique Agricole (Association du Personnel et des Enseignants du LTA) an de Centre Convict an d’Stad agelueden, fir folgenden Associatiounen jeeweils e Scheck am Wäert vun 2.500 € ze iwwerreechen, fir domat hir respektiv Kooperatiounsprojeten an de Partnerlänner am Süden ze ënnerstëtzen:

Frères des Hommes Luxembourg (FDH)
Médecins Sans Frontières (MSF)
Fondation Elvire Engel
Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. (LJB & JW – SC)

Am Numm vun dëse véier Associatiounen, soe mir deene Verantwortleche vun der APERLTA e ganz grousse Merci, fir dee schéine Geste vu Solidaritéit mat de Populatiounen, déi hinnen um Häerz leien.

Pressecommuniqué vun der APERLTA vum 20. Juni 2014

Op der Foto (v.l.n.r.): Romain Richer (LJB & JW – SC), Jacqueline Monville (LJB & JW – SC), Franz Glodt (LJB & JW – SC), Cary Michels (APERLTA), Michael Dionisi (MSF), Micheline Troian (LTA), Anne Jacoby (FDH), Isabelle Jacobs (LTA), Danièle Hoffmann (Fondation Elvire Engel)

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert