Foire Agricole 2014 fir Kanner

Och op der Foire Agricole 2014 (FAE) ass de Grondschoulkanner e Programm mat Atelieren ugebuede ginn, dee vum FAE-Organisateur – zesumme mat verschiddenen Aussteller –  ausgeschafft ginn ass. E Freideg, de 4. Juli konnten deemno op en Neits iwwer 3.000 Kanner iwwer dëse Wee vun der Geleeënheet profitéieren, fir d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéiten ze erliewen.

D’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer hu vollen Asaz gewisen an d’Aschreiwungen, den Accueil an d’Féierunge vun de Schoulklassen assuréiert. All deenen, déi sech aktiv abruecht hunn an domat dozou bäigedroen hunn, fir de Kanner d’Landwirtschaft méi nozebréngen a gläichzäiteg e flotten an interessanten Dag zu Ettelbréck ze erliewen, soe mir e grousse MERCI!

 

Fotoen

Hannerlooss eng Äntwert