Dossier ‘Fräihandelofkommes’ am ‘Forum’ vum Oktober 2014

Forum - 10-2014An der Nr. 344 (Oktober 2014) vum ‘Forum – fir Politik, Gesellschaft a Kultur’ gëtt den Dossier ‘Freihandelsabkommen’ am Detail a verschiddene Bäiträg beliicht.

Ënnert dem Titel ‘Was erwartet uns mit TTIP?’ versichen déi verschidden Autoren, d’Konsequenzen vum TTIP a säin Afloss op d’EU, resp. op Lëtzebuerg an de Beräicher Landwirtschaft, Ëmwelt, Kultur, Aarbechtsrechter, Finanzmaart an Ëffentlech Déngschtleeschtungen duerzeleeën.

Beim Thema ‘Lebensmittel und Landwirtschaft’ (op de Säiten 29 an 30) kënnt de Laurent Frantz, Vertrieder an der Plattform TTIP vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, zu Wuert.

Downloads

Hannerlooss eng Äntwert