Den 2. November 2014 huet de Claude Petit vu Schwéidsbeng de Poste vum ekologesche Landwirtschaftsberoder vu senger laangjäreger Virgängerin, dem Katharina David, iwwerholl.
Domat ass déi ekologesch Berodung fir Betriber – déi hir Produktioun am Sënn vun enger ëmweltschounender an zukunftsfäheger Landwirtschaft gestalte wëllen – a vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an Zesummenaarbecht mam OekoZenter Pafendall ugebuede gëtt, weiderhin assuréiert.
Eis Memberen an Interessenten kënnen sech an dësem Virstellungsschreiwen e Bild vum neie sympathesche Landwirtschaftsberoder maachen.