Bis zu 1.500 Sympathisante (laut “Luxemburger Wort” vum 20. November 2014) sinn dem Opruff vun de Bauerevereenegungen – der Centrale Paysanne, dem Fräie Lëtzebuerger Bauereverband, dem Lëtzebuerger Privatbësch, dem Service Activités Féminines (SAF) vun der Centrale Paysanne an dem Service Jeunesse (Lëtzebuerger Bauerejugend) an de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – nokomm, fir hir Onzefriddenheet mat der Politik auszedrécken an e kloren Appell un déi Zoustänneg vun der Regierung ze riichten, fir d’Akteuren an der Landwirtschaft, dem Wäibau an der Forstwirtschaft eescht ze huelen.
Fir d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer war hire President, de Jeff Boonen, um Riednerpult an huet folgend Themen ugeschwat: Perspektive fir déi Jonk schafen / D‘Entwécklung vun de Betriber ënnerstëtzen / Eng zukunftsorientéiert a nohalteg Landwirtschaft promovéieren: Interventioun vum Jeff Boonen.
Artikel aus dem Wort vum 20/11/2014
Reaktiounen op TAGEBLATT.LU
Reaktiounen op LESSENTIEL.LU
Reaktiounen op RTL.LU
RTL-Reportage vum 19/11/2014 (vu 14:00 – 18:00 Minuten)
Artikel aus dem Lëtzebuerger Bauer vum 21/11/2014