Visite de suivi 2015 am Kooperatiounsprojet CTAA

IMG_3546 - 2Den 31. Januar 2015 sinn 3 Vertrieder vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” vum Findel aus fir 10 Deeg an de Burkina Faso gefuer: (v.ln.r.) Jacqueline Monville, Chargée de projets, Philippe Mitsch, Member vum Conseil d’administration (CA), an Abbé Romain Richer, President vum CA vun der ONG-D.

Um Programm vun der Visite de suivi, déi am Kader vum Kooperatiounsprojet “Centre technique d’amélioration de la traction asine – CTAA” duerchgefouert gëtt, stinn ënner anerem d’Entrevuë mat dem lokale Partner AMUS (Association Mains Unies du Sahel) an de Verantwortleche vum CTAA. Virun allem stinn awer d’Reunioune mat de Bauerevertrieder vun deenen am Projet implizéierten Dierfer Imasgo, Koalma, Sabouna an Tiogo am Fokus. Si treffen sech vum 3. bis 5. Februar 2015  mat de Verantwortleche vum Projet fir dee programméierte CPS (Comité de Pilotage Stratégique) um Site vum CTAA zu Imasgo.

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert