‘Burkina Days’ am Kader vun der Foire Agricole 2015

Burkina DaysAm Kader vun der Foire Agricole 2015 (FAE) invitéiere folgend Associatiounen an ONGen – déi a verschiddenen Domainen am Burkina Faso an der Entwécklungszesummenaarbecht täteg sinn – vum 3. bis 5. Juli 2015 an d’Däichwisen op Ettelbréck an hiert gemeinsamt Zelt vun de sougenannten “Burkina Days”:  

Chrëschte mam Sahel
Fondation Dr Elvire Engel
Le Soleil dans la Main a.s.b.l.
– Partage Afrique
Solidaresch Aktioun Echternach
LJB & JW – Service Coopération a.s.b.l.

Programm

Fir d’Grondschoulklassen, déi d’FAE freides, den 3. Juli 2015 besichen, ass e flotte Rallye Burkina am Zelt virgesinn, fir de Schoulkanner iwwer dëse Wee d’Liewensbedingunge vun de Kanner am ländleche Raum am Burkina méi nozebréngen. Samschdes, de 4. Juli a sonndes, de 5. Juli 2015 kënne sech och déi Kanner, déi d’FAE mat hiren Eltere besichen, fir de Rallye aschreiwen. De Rallye dauert +- 50 Min. D’Auerzäite vum Rallye ginn am Zelt publizéiert an iwwer d’Anlag vun der FAE ugekënnegt.

Op den Informatiounsstänn am Zelt kréien d’Visiteuren en Abléck an d’Aarbecht, déi déi uewe genannten Associatiounen zënter laange Joren am Déngscht vun der lokaler Bevëlkerung leeschten.

An Zesummenaarbecht mat der franséischer Associatioun PROMMATA a mat den Ieselsfrënn Lëtzebuerg gi samschdes a sonndes – a regelméissegen Ofstänn – Demonstratioune vun der Aarbecht mam Iesel an dem Aarbechtsgeschir Kassin fir d’Visiteure vun der FAE organiséiert. Ville vun eise Memberen a Frënn ass bekannt, datt dës Aarbecht mam robuste Schaffdéier zënter 2008 am Centre Technique d’Amélioration de la traction Asine (CTAA) zu Imasgo an an de Partnerdierfer vum CTAA (Tiogo, Sabouna a Koalma) op breeder Basis mat Succès agesat gëtt, fir et deenen einfache Produzenten ze erméiglechen, hir Erträg op de Felder ze optimiséieren.

Doniewent brénge Verkafs- an Iessstänn an e flotten Animatiounsprogramm – mat afrikanesche Museker an Dänzer – de Visiteuren déi villfälteg afrikanesch Kultur méi no.

Wichteg: Aus organisatoresche Grënn kënnen d’Aschreiwunge fir d’Kannerateliere vun de Grondschoulklassen – déi freides, den 3. Juli 2015 virgesi sinn – fréistens e Méindeg, den 8. Juni 2015 a bis spéitstens de 26. Juni 2015 an der Zentral vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer entgéint geholl ginn. Mir bieden d’Léierpersonal ëm hiert Versteesdemech!

De Stand vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” am Zelt vun de “Burkina Days” huet déi generéis Ënnerstëtzung vu/vun:

 

logo_2014_GADGETS - 2    VEW_CMYK

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert