E grousse Merci un de Lycée Technique d’Ettelbruck

LTETT - Iwwerreechung vun der Kassin - 2Iwwerreechung am Lycée Technique d’Ettelbruck vum Aarbechtsgeschir „Kassin“

E Méindeg, den 11. Januar 2016 hunn déi Verantwortlech aus dem Lycée Technique d‘Ettelbruck (LTETT) op déi offiziell Iwwerreechung vum Aarbechtsgeschir „Kassin“ invitéiert, déi am Virfeld vun der Foire Agricole 2015 an den Atelieren vum Lycée vu Schüler ënner der Leedung vum zoustännegen Enseignant fabrizéiert gouf.

Si gouf dem interesséierte Public op der Foire Agricole zu Ettelbréck am Kader vun de sougenannte „Burkina Days“ virgestallt a virgefouert.

D’Kassin, déi vun der franséischer Associatioun „PROMMATA“ (Prommotion d’un machinisme moderne à traction animale) entwéckelt ginn ass, gëtt am Kooperatiounsprojet „Centre technique d’amélioration de la traction asine“ (CTAA) an a senge Partnerdierfer agesat, fir de lokale Baueren d’Aarbecht um Feld ze erliichteren. Duerch den Asaz vum Iesel – a Kombinatioun mat dem Aarbechtsgeschir „Kassin“ – kënnen d’Erträg op de Felder noweislech gesteigert ginn.

De Kooperatiounsprojet gëtt zënter 2008 vum Partner „Mains Unies du Sahel“ mat der Ënnerstëtzung vun der ONG „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.“ an dem Lëtzebuerger Ministär fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Hëllef realiséiert.

De Romain Richer, President vun der ONG (3.v.l, huet den Häre Lucien Klein, Direkter vum LTETT (2.v.r), Yves Monville, Directeur adjoint (1.v.l.), de Schüler an hire verantwortlechen Enseignanten am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG säi grousse Merci ausgeschwat, fir d‘Ënnerstëtzung, déi de Lycée der ONG duerch d’Bereetstelle vun der Kassin entgéint bruecht huet. Domat gëtt der ONG d’Méiglechkeet gebueden, fir dat wichtegt Aarbechtsgeschir vun de lokale Produzenten am Burkina Faso am Kader vu Sensibilisatiounsaktiounen hei zu Lëtzebuerg ze presentéieren.

De Romain Richer huet bei der Geleeënheet drop higewisen, datt iwwer d’Aktioun „100 Kassine fir de Burkina Faso“ – déi 2015 vun der ONG lancéiert gouf, déi viséiert Zuel vu Kassinen iwwer generéis Donateuren finanzéiert konnt ginn. Während enger offizieller Zeremonie, déi den 22. Dezember 2015 a Präsenz vum Haut-Commissaire vun der Province vu Boulkiemdé, dem Här Abdoulaye ZÈHA, a ville weideren Autoritéiten stattfonnt huet, sinn déi 100 Kassinen un d’Vertrieder vun de Comité Villageois de Développement vun Imasgo, Koalma, Sabouna an Tiogo iwwerreecht ginn.

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert