Scheckiwwerreechung vum “Bazar de Solidarité” vu Bouneweg

Bazar de la solidaritéE Freideg, de 15. Abrëll 2016 hunn déi Verantwortlech vum “Bazar de Solidarité” vun der Par Bouneweg op hir Scheckiwwerreechungen an de Foyer paroissial agelueden.

Niewent de generéise Schecken, déi un d’Associatiounen “Aktioun-ABC”, “Bonnievale-Project”, “PPPE A.s.b.l.” a “Fond Wonschstäer” gaange sinn, krut d’Vizepresidentin vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” e Scheck am Wäert vun 2.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika iwwerreecht.

D’Madame Marie-Claude Dornseiffer-Marx (1.v.l.) huet deene Verantwortleche vum “Bazar de Solidarité” am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D hire grousse Merci fir dee wonnerbare Gest ausgeschwat an ënnerstrach, datt déi gespente Suen integral an d’Aktioun “Neit Equipement fir d’Maternité vu Soa am Kamerun” fléissen.

Informatiounen zu der Aktioun am Interessi vun de Frae vu Soa fënnt deen Interesséierten an dësem Flyer.

Foto: Gilbert Linster

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert