Generéis Ënnerstëtzung vum LCGB

D’Gewerkschaft LCGB ënnerstëtzt d‘Kooperatiounsaarbecht vun der ONG zugonschte vun de mannerbemëttelte Populatiounen am Burkina Faso

 

E Mëttwoch, den 19. Juli 2017 waren d’Vertrieder vun der ONG op de Siège vum LCGB invitéiert, fir e generéise Scheck vun 2.000 € fir d’Entwécklungszesummenaarbecht vun der A.s.b.l. Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération entgéintzehuelen.

Den LCGB-Nationalpresident Patrick Dury ass bei där Geleeënheet op deen, an der Ëffentlechkeet éischter manner bekannten Engagement vun der Gewerkschaft agaangen, deen awer zënter laange Joren iwwer d’A.s.b.l. Prismalux geleescht gëtt. Deemno ënnerstëtzt si regelméisseg eng ganz Rei Projete vu verschiddenen Organismen, déi hei zu Lëtzebuerg an op der ganzer Welt op karitativem Niveau täteg sinn. Den Här Dury huet ënnerstrach, datt et fir d’Gewerkschaftsvertrieder wichteg ass, fir iwwer dee Wee zu enger méi gerechter Welt bäizedroen an dësweideren de Message vu Solidaritéit mat anere Mënschen un hir Membere weiderzeginn.

Dëst Joer ass esou de Choix vun hinne geholl ginn, fir – ënner aneren – d’Kooperatiounsaarbecht vun der ONG am Burkina Faso matzedroen. De Romain Richer, President, a François Glodt, Sekretär, sinn an deem Kader op d’Aarbecht vun der ONG agaangen, déi si an Zesummenaarbecht mat de Bauerenassociatiounen am Burkina Faso realiséiert. Si hu verséchert, datt d’Suen, déi vum LCGB gespent gi sinn, an e Kooperatiounsprojet fléissen, deen den Encadrement vun de lokale Produzente virgesäit an zum Zil huet, d’Liewenskonditioune vun de Bauerefamilljen laangfristeg ze verbesseren.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir de Verantwortleche vum LCGB e ganz grousse Merci fir dee generéisen Don zugonschte vun de mannerbemëttelte Populatiounen am Burkina Faso.

Foto (V.l.n.r.): Christophe Knebeler, Secrétaire général adjoint a Verantwortleche fir d’Affaires sociales vum LCGB, Robert Schadeck, President vun LCGB-Ënnerstëtzung, Carine Breuer, Verantwortlech fir d’Relations publiques (LCGB), Romain Richer, President vun der ONG, Patrick Dury, LCGB-Nationalpresident (Foto: François Glodt)

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert