Generalversammlung 2018 vun der ONG

Mat dëse Fotoen komme mir zréck op d’Generalversammlung 2018 vum „Service Coopération“ vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“, déi e Mëttwoch, den 21. Mäerz am Centre Convict an der Stad ofgehale ginn ass.

An deem Kader si 5 jonk Leit aus de regionale Landjugendgruppen an de Verwaltungsrot (CA) vun der ONG opgeholl ginn. Deemno hunn sech d’Camilya Berriri, de Remy Harpes, de Pol Majerus, d’Sarah Schroeder an d‘Joy Siebenaller bereet erkläert, fir sech méi intensiv mat der Kooperatiounsaarbecht ze befaassen an hir Iwwerleeungen an Iddien am CA mat anzebréngen.

Mir wënschen deenen neie Membere vill Freed a Satisfactioun an hirem neien Engagement fir déi gutt Saach!

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert