Réckbléck am Bild op eng sympathesch Feier fir den Ofschloss vum 60. Anniversaire vun eiser ONG

De Verwaltungsrot vum “Service Coopération” vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) hat bekanntlech dee leschte Samschdeg (26.10.2019) op eng Soirée conviviale invitéiert, fir d’Joer vum 60. Anniversaire vun der ONG mat enger sympathescher Feier ofzeschléissen.

Vill Frënn, Ancienen an aktuell jonk Membere vun der ONG an aus de regionalen LLJ-Gruppe waren “An Haffen” um Rendez-vous.

Si hunn sech d’Geleeënheet net entgoe gelooss, fir op déi 60-järeg Tätegkeet am Interessi vum Bauerestand an Afrika zréckzeblécken, deenen d’Éier ze erweisen, déi sech um Terrain an heiheem fir d’Saach staark gemaach hunn – an d’Glas op de 60. Anniversaire ze hiewen

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.