An där aktueller Kris ergëtt sech mat dësem Video d’Geleeënheet, fir op en interessante Moment aus dem Liewe vun eiser ONG zréckzeblécken.
Mir soen dem Realisateur vum Video, dem Philippe Mitsch, e grousse MERCI, fir dës flott Impressioune vun där sougenannter „Visite de coopération“, déi vum 26. August bis 3. September 2016, fir 10 Membere vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ organiséiert gi war. Si haten domat d’Geleeënheet, fir sech – ënner anerem – e konkret Bild iwwer d’Ëmsetzung vun engem Kooperatiounsprojet ze maachen.
An dësem Fall stoung de Projet « Construction et équipement d’une maternité au Centre de santé Sainte Marie à Soa, Cameroun » am Fokus, dee sengerzäit vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministère matfinanzéiert ginn ass (75%).