Generalversammlung 2020 vun eiser ONG

(L) Réckbléck op déi uerdentlech (awer trotzdeem aussergewéinlech) Generalversammlung 2020 vun eiser ONG, déi den 30. Juni 2020 – ënner fir äis dach ongewinnte Konditiounen zu Wickreng – ofgehale konnt ginn.

Am Festsall «An Haffen » vun der Famill Majerus-Clemes hat de President Romain Richer d’Éier, fir den Éierepresident, de Mgr Leo Wagener an d’LLJ-Nationalpresidenten Angèle Mersch a Marc Roeder ze begréissen. Frou war hien och, fir doniewent eng ganz Rei Jonker aus de regionalen LLJ-Gruppen a Memberen vun der ONG, resp. vum Verwaltungsrot am Sall wëllkomm ze heeschen.

Mir soen der Famill Majerus-Clemes e grousse MERCI, déi äis hir schéi Raimlechkeeten spontan fir dës AG zur Verfügung gestallt huet.

***********************************************

(F) Retour sur l’Assemblée générale (pas si ordinaire à cause des restrictions liées au COVID-19) de notre ONG, qui a eu lieu le 30 juin 2020 en présence du président honoraire, Mgr Leo Wagener, des présidents (Angèle Mersch, Marc Roeder) et de jeunes de l’a.s.b.l. Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) ainsi que de membres de l’ONG, voir de son conseil d’administration.

Un grand Merci à la famille Majerus-Clemens qui nous a offert la possibilité d’organiser cette AG dans ses locaux spacieux à L-Wickrange.

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.