Generéise Subsid vun der Stad Ettelbréck

Fir den Engagement vu verschiddenen Hëllefsorganisatiounen ze honoréieren, hunn d’Verantwortlech vun der Gemeng Ettelbréck e Mëttwoch, de 7. Oktober 2020, op eng Scheckiwwerreechung an d’Däichhal op Ettelbréck invitéiert.

Bei hirer Usprooch huet d’Madame Mireille Schmit, Presidentin vun der Kooperatiounskommissioun, de Representante vun deenen 10 invitéierten Associatiounen/ONGen, fir hiren Asaz am Déngscht vun de Mënsche felicitéiert, deen trotz der aktueller weltwäiter gesondheetlecher Kris an deenen net méi einfache Konditioune mat vill Energie weidergefouert gëtt.

Dono war et un de Vertrieder vun deenen eenzelnen Hëllefsorganisationen, fir hir Associatioune kuerz virzestellen an op d’Kooperatiounsprojeten anzegoen, déi fir de Subsid zréckbehale gi sinn. Fir eis ONG, déi an deem Kader – niewent Le Soleil dans la Main – eng éischte Kéier e Subsid vun 3.750 € vun der Stad Ettelbréck accordéiert krut, ass de Philippe Mitsch, Vizepresident, un d’Riednerpult getrueden, fir op d’Aktivitéite vun der ONG anzegoen. Hien huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir de Gemengenzoustännege säi grousse MERCI fir déi grouss Generositéit auszedrécken.

Am Numm vum Gemengen- a Schäfferot huet den Här Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf séngersäits all deenen, déi sech fir eng besser a méi gerecht Welt asetzen, säi grousse Respekt ausgedréckt. Hien huet ënnerstrach, datt et fir d’Stad Ettelbréck kloer ass, datt si och weiderhin hire Bäitrag bei der Ënnerstëtzung vun den Hëllefsorganisatioune leeschte wäert. BRAVO !!!

 

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.