E grousse Merci

E grousse Merci un d’ Landjugend Zenter fir déi schéi Geste vu Solidaritéit: op hirer Generalversammlung hunn si Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération asbl 2.500 Euro fir d‘Kooperatiounsaarbecht an Afrika zoukomme gelooss. An dëse schwieregen Zäiten, an deenen déi vulnerabelst Populatiounen op der Welt als éischt d’Konsequenze vu Katastrophen ze spiere kréien, huet d’Landjugend Zenter op en Neits hir Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso zum Ausdrock bruecht.

LLJ – Service Coopération

Comments are closed.