Médaille du mérite vun der Kathoulescher Kierch vu Lëtzebuerg fir den Här Antoine Mailliet

A Vertriedung vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet den Abbé Romain Richer, President vun der ONG „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.“ dem Här Antoine Mailliet, den 9. Abrëll 2013 zu Rulljen, d’Médaille du mérite de l’Eglise Catholique du Luxembourg fir seng grouss Verdéngschter am Kader vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer iwwerreecht.

Während enger sympathescher klenger Feier huet den Abbé Romain Richer drop higewisen, datt mat der Pionéieraarbecht – déi den Här Mailliet, an de Joren 1959 – 1960 an der deemoleger Ober-Volta (haut Burkina Faso) geleescht huet – de Grondsteen vun deem laangjäregen Engagement vun der Kooperatiounsaarbecht vun der ONG geluecht gouf. Si huet och weiderhin zum Zil, d’Liewe vum lokale Bauerestand am ländlechen Afrika zum Positiven ze veränneren.

Niewent de Vertrieder vum Verwaltungsrot vun der ONG, der Mme Marianne Lisarelli-Schleich, Trésorière, an dem François Glodt, Sekretär, haten sech véier Nofolger vum Här Mailliet zu Rulljen afonnt. D’Häre Marcel Scheidweiler (1960 – 1961), Johny Storn (1960 – 1964), Pierre Morn (1962 – 1963) an Arthur Mangen (1964 – 1969), déi an deene respektive Joren an der Ober-Volta täteg waren, hunn dem Här Mailliet fir déi wäertvoll Auszeechnung gratuléiert. Aus gesondheetleche Grënn huet den Här Jos. Bertemes sech entschëllege gelooss (1965 – 1966).

Beim uschléissende Patt – dee frëndlecherweis vun der Famill vum Här Mailliet offréiert gouf – hunn déi deemoleg Entwécklungshelfer op hir Aarbecht zréckgebléckt an och munch Spiichten zum Beschte ginn. Der Mme Mady Mailliet-Wolter, hirer Duechter Janine Mailliet an hirer Enkelin Anne Bossers soe mir e ganz décke Merci fir dee léiwen Accueil.

D’Entwécklungshelfer, déi hire Bäitrag an de Joren 1959 – 1969 an der deemoleger Obervolta geleescht hunn, fir konkret Schrëtt am Kampf géint d’Aarmut an d’Weeër ze leeden:

Tony Mailliet (1959 – 1960), Marcel Scheidweiler (1960 – 1961), Rolph Ketter (1960 – 1961), Johny Storn (1960 – 1964), Camille Engeldinger (1960 – 1962), Pierre Morn (1962 – 1963), Paul Peiffer (1962 – 1963), Erny Ries (1962 – 1963), Jos. Bertemes (1965 – 1966), Arthur Mangen (1964 – 1969).

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert