E puer Andréck vun der Generalversammlung 2014 vun der LLJ Dikkrich

E Freideg, de 7. Mäerz huet de regionale Landjugendgrupp ‘Dikkrich’ op hir Generalversammlung 2014 an d’CONVIS-Gebai op Ettelbréck agelueden.

Niewent deene klassesche Punkte vum Ordre du jour vun de Generalversammlungen, op déi déi Verantwortlech vun deenen “Dikkricher” agaange sinn, huet den Abbé Romain Richer – a senger Funktioun als President vum Service Coopération vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – der jonker Memberschaft vum Landjugendgrupp, déi aktuell Kooperatiounsprojete vun der ONG an Afrika virgestallt.

D’Kim Siebenaller, Presidentin vun der Lëtzebuerger Landjugend, huet an hirem – an am Numm vum Jeff Boonen, President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – dem nei opgestallte Komitee vun deenen “Dikkricher” eng gutt Hand bei hire geplangte regionalen Aktivitéiten gewënscht an si encouragéiert, fir doniewent och weiderhin op nationalem Plang fir déi béid Associatiounen am Asaz ze sinn. Dësen Opruff gouf vun der Sekretärin Jeanne Lux ënnerstëtzt, déi d’Memberen opgeruff huet, fir beispillsweis op der Foire Agricole 2014 präsent ze sinn, fir d’Féierunge vun de Schoulklassen ze garantéieren an op den Iess- a Gedrénksstänn ze hëllefen. Si huet deene 25 Membere vun der LLJ Dikkrich, déi 2013 op der Foire Agricole am Asaz waren, en décke Merci ausgeschwat.

LLJ Dikrich

Hannerlooss eng Äntwert