Agrarpolitesch Stellungnahm 2005

Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2005

Agrarpolitesch Stellungnahm
un de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer

virgedroen vum Nadine Albers-Turmes, Presidentin vum Grupp Zuucht vun de LJB & JW

Léif Éiregäscht, Dir Dammen an Dir Hären,

Joer fir Joer stelle mir bei der Geleeënheet vum Jongbaueren- a Jongwënzerdag, d’Siicht vun deene Jonken zu der aktueller agrarpolitescher Lag vir. Erfahrungsgemäss sinn eis Fuerderungen iwwer vill Joren hannereneen déiselwecht, ouni datt awer eppes Konkretes geschitt.

Nach ni war den Ëmbroch an der Landwirtschaft esou grouss, wéi an dësem Moment. Nach ni hunn an eiser Branche esou vill Betriber hir Diren zougemaach, obschonn – wéi a kéngem anere Sektor – Jonker do sinn, déi Loscht op dëse Beruff hunn an och déi néideg Kompetenzen matbréngen. Dat huet vill Ursaachen; zwou vun deene markantesten si mat Sëcherheet déi schlecht Akommenssituatioun an déi scho bal ausartend Bürokratie.

De Kader muss sech deemno esou séier ewéi méiglech änneren. D’Perspektiven fir déi Jonk musse kloer an transparent sinn; eng Zukunfsplanung muss mëttelfristeg nees méiglech sinn.

Gemeinsam Agrarpolitik

Ufänke wëlle mir mat der Gemeinsamer Agrarpolitik. Hei ass déi gréisst Erneierung jo d’Entkopplung vun de Primmen vun der Produktioun.

Wier eis Iddi, d’Primmen un d’Aarbecht an de Betrib amplaz un d’Land ze bannen richteg ugepakt ginn, da géif fir déi jonk Baueren eng Méiglechkeet bestoen, fir méi flexibel ze schaffen.

Déi erhoffte Flexibilitéit an dee méi grousse Bewegungsspillraum fir déi Jonk goufen net erreecht. Et ass scho bedréckend, datt bei der x-ter Reform nach ëmmer d’Wënsch vun deene Jonken net berücksichtegt goufen.

D’Reform bréngt awer och mat sech, datt déi intensiv a spezialiséiert Véibetriber déi grouss Verléirer sinn. Wéi kann een enger Persoun mat klorem Mënscheverstand erkläeren, datt op eemol Betriber, déi nach ni Flächen stëllgeluegt hunn, dat elo musse maachen, obwuel si d’Rekolten vun dësem Terrain gutt verwäerte kënnten?

Genau esou onverständlech ass fir äis d’Eropsetzen vun 1,5 % vun de Mëllechquoten vum Joer 2006 un, obschonn mir eng Iwwerproduktioun bei der Mëllech hunn. Mir stellen äis d’Fro, ob hei net bewosst vun der Politik aus d’Intressen vun der Landwirtschaft négligéiert ginn.

Mir vun de Lëtzebuerger Jongbaueren si jiddefalls der Meenung, datt dëst katastophal Folgen fir de Mëllechpräis huet an datt de Wëllen, deem entgéint ze wierken, net do ass.

Bürokratie a Kontrollen

D’Bürokratie, déi schonn ugeschwat gouf, schéngt eng Schlësselroll ze spillen. Ongleeweg hu mir nogelauschtert, wéi äis versprach gouf, datt matt dëser Reform alles géif besser ginn.

De Géigendeel ass de Fall! Eis Betriber gi vum Pabeierkrich erdréckt – a well anscheinend geméngt gëtt, mir Baueren wéissten net, wéi mir eis Zäit sollen erëmkréien – iwwerschneiden sech permanent Kontrollen, béi deenen daks am Zäitraum vu Wochen, déiselwecht Saache gefrot ginn.

Nieft de Labelkontrollen hu mir Fläche-, Véi- Investitiouns- Sanitel-, Mëllechprimmekontrollen. Dobäi kommen d’Kontrollen vun der Veterinärsinspektioun, vun der Douane, vum Betribsveterinär, asw.

Mir froen äis, wat dat soll an ob kéng Méiglechkeet besteet, fir Synergien ze schafen, fir datt d’Betriber serieux kontrolléiert ginn, ouni datt se permanent datselwescht musse weisen well d’Beamten vun de Verwaltungen net mateneen schwätzen.

Säit etleche Wochen maachen d’Pläng vum GIS den Tour duerch d’Land. Si hu fir vill Opreegung gesuergt.

Eisen ale System huet zum Schluss gutt geklappt. Lo stellt sech fir äis d’Fro, wéi eng Parzellegréisste si richteg, wéi kann et sinn, datt bei engem rezenten Remembrement aner Gréissten bestinn, wéi beim GIS? Wat ass bei de Verpachtungen vu Terrain nach richteg? Déi nächst Wochen wäerte fir d’Verwaltung op jiddfer Fall kéng einfach ginn!

Vun 2007 un soll dee neien PDR ulafen. D’Ausschaffe vun den Dossieren leeft a mir hoffen, datt dës Kéier ee reibungslosen Iwwergang vun deem aktuellen an dat neit Agrargesetz geet.

Et muss een an dësem Kontext nach eemol de System vu de Plafongen a Fro stellen. Et kann net sinn, datt deen, dee fir 30 Mammekéi baut, deeselwechte Plafong huet, wéi deen, dee fir 100 Kéi investéiert!

Eis Schwéngs- a Gefliggelbetriber, wou déi infrastrukturell Opwänn nach méi grouss sinn, kréien dëst net unerkannt. Wann dat net geännert gëtt, brauch och net vu Strukturwandel geschwat ze ginn.

Iwwerhaapt muss an der brandaktueller Diskussioun iwwert d’Finanzsituatioun vum Land opgepasst ginn, datt d’Landwirtschaft net ënnert d’Rieder kënnt.

Hei kënne mir eng Klammer opmaachen an drop opmierksam maachen, datt nach ëmmer vill Baueren kéng Suen vun den Emweltprogrammer, wéi zum Beispill fir d’Gülle-Injektioun kruten. Da muss een sech net wonneren, wann d’Leit net méi matmaachen.

Am neien PDR figuréiert vun 2007 un jo och deen Europäischen LEADER+-Programm. An dëse Programm gi vill Sue gestach ouni, datt genuch bekannt gemaach gëtt, wéi och d’Bauerebetriber dovu profitéiere kënnen. Mir dénken hei u Nischeproduktiounen.

Plan d’aménagement du territoire

Eng vun eise grousse Fuerderungen zënter Joeren ass d’Schafung vun engem Plan d’aménagement du territoire. Et muss einfach selbstverständlech ginn, datt gewëss Zonen fir landwirtschaftlech Produktiounen reservéiert sinn.

Onverständlech ass, – wéi dat am Moment de Fall ass, – datt an all Eck Biotoper entstinn, déi sech wéi ee Mosaïk iwwer d’Land zéien. Mir hu schonn e puer Mol ugefrot, wéi ee gewësse Beamten – an dës Kéier nenne mir den Här Kirpach beim Numm – sech d’Fräiheet hëllt, fir mat de Baueren ze maache wat hie wëllt.

Et muss ee sech net wonneren wa béis Zongen – an net nëmmen déi – behaapten, den Här Minister Lux wier net deen, deen d’Soen am Ministär hätt. Eent ass a bleift sëcher! Déi bescht Resultater am Naturschutz huet een, wann ee mat de Bauere a net géint si schafft!

Ähnleches gëllt fir d’Genehmegungsprozeduren bei Neibauten. Et kann dach net sinn, datt déi puer Jonker, déi nach Bauer wëlle sinn, esou Sténg an de Wee geluegt kréien. Mir wëllen hei zum Beispill op déi opmierksam maachen, déi an d’Schwéngsproduktioun wëllen investéieren. Wier et hei net ubruecht, datt de Landwirtschaftsministär an den Emweltministär sech emol zesumme géife setzen an Neel mat Käpp maachen fir eis Genehmegungsprozeduren ze iwwerdenken?

Erneierbar Energien

Ee vun de wichtegsten staatlechen Engagementer an deenen nächsten Joeren wäerten d’alternativ Energien sinn. Ouni Ennerstëtzung kënnen dës awer net mat de fossilen Energien konkurréieren.

Haut schonn produzéieren 20 landwirtschaftlech Biogasanlagen 24 Milliounen Kilowattstonnen (kwh) Stroum. Mir fuerderen, datt och an Zukunft déi néideg Finanzmëttel zur Verfügung gestallt ginn. Zum Beispill wir dat Geld, dat am Kader vun dem neien Agrargesetz fir den europäeschen Leader+-Programm virgesinn ass, sënnvoll an der Entwécklung vun dësen neien Produktiounen ze notzen.

Et schéngt, wéi wann iwwert de “Fonds de Compensation” de Stroumpräis fir néi Biogasanlagen géif ugehuewe ginn. Elo froë mir äis awer, firwat dëse sougenannten « fënnefte Frang » net och fir déibestehend Anlage gëllt. Ausserdeem ass et absolut net akzeptabel, datt d’Stroumvergütung net un den Index gebonne soll ginn.

Och géif et der Biogas-Branche hëllefen, wann d’Anlagen Biomüll kënnte vergäeren, anstatt, datt dee gréngen Offall op d’Kompostéierungsanlagen geet. D’Biogasanlagen kéinten domatt nach Energie produzéieren. Mee hei schéngen d’Intressien vun de Gemengesyndikater méi wichteg ze sinn!

An Zukunft wäert niewent der Stroumproduktioun virun allem d’Produktioun vu Biotreibstoffer en Thema sinn. Bis 2010 mussen si no enger EU-Richtline 5,75 % vun de fossilen Treibstoffer ersetzen.

Am Beräich Biogas awer och am Beräich vun der Produktioun vu Bioethanol oder Biodiesel huet d’Landwirtschaft deemno eng wichteg Roll ze spillen. Et feelt awer bis haut nach un de néidegen Strukturen fir dës Notzungsformen – am beschten iwwer d’Ënnerstetzung vun den Aspéisungstarifer – rentabel ze gestalten.

Dir gesidd: Et bléift nach vill ze maachen! Eis Fuerderungen sinn all reell a mam néidegen politesche Wëllen och ëmsetzbar. Dëst setzt allerdings viraus, datt net ëmmer erëm aner Intressien iwwert déi vun der Landwirtschaft gestallt ginn.

Och d’Zivilgesellschaft muss sech erëm fir de Sektor staark maachen, well op d’Politik aleng wëllen a kënne mir äis net verloossen. Jiddereen muss mat sénge Méiglechkeeten Verantwortung iwwerhuelen. Et kann ee ganz sëcher net vun “Zweckoptimismus” schwätzen wa mir dru gleewen, datt – wa mir all un engem Strang an an eng Richtung zéien – d’Landwirtschaft och hei zu Lëtzebuerg hir Plaz huet !

Ech soen Iech Merci !

LLJ

Comments are closed.