Randonnée Edy Schütz – E Velostour fir e gudden Zweck

Den 1. August 2010 huet den Organisatiounskomitee an Zesummenaarbecht mam Club cycliste „Velo Wooltz“ op hir traditionnell Randonnée Edy Schütz op Wooltz agelueden.

Niewent hirer Leidenschaft fir de Velo, hunn d’Coureuren sech gläichzäiteg fir e gudden Zweck agesat. Den Erléis vun der Randonnée 2010 geet deemno un de Projet Naturnoen a kannerfrëndleche Schoulhaff vun der Eltere-Vereenegung vun der Primärschoul Wooltz an un eis ONG.

Um Expo-Stand vun eiser Associatioun an der Primärschoul zu Wooltz, konnten déi Intresséiert sech iwwer d’Kooperatiounsaarbecht am Interessi vum Bauerestand an Afrika informéieren. Mat Begeeschterung huet de Project-Manager Marcel Scheidweiler hinnen d’Aarbecht vun der ONG méi no bruecht.

Op de Ravi-Stänn hunn eis Memberen Carlo Schiltges (zu Wäisswampech), Edouard Kickert a Franz Glodt (zu Siwwenaler) eng Hand mat ugepakt. E spezielle Merci geet un d’Famill Bourggraff an un déi Verantwortlech vun der Amicale vu Siwwenaler, déi d’Vertrieder vun der ONG esou häerzlech opgeholl a wonnerbar bekäschtegt hunn.

Dem Organisatiounskomitee vun der Randonnée Edy Schütz an de Verantwortleche vum Club cycliste „Velo Wooltz“ dréckt de Verwaltungsrot vun der ONG ee ganz grousse Merci aus, fir dee wonnerbare Geste vu Solidaritéit mat der mannerbemëttelter Landbevölkerung am Burkina Faso.

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.