Bedeelegung un der FAE 2010

Impressiounen vun eiser Bedeelegung un der Foire Agricole 2010

E Freideg, den 2. Juli 2010 waren eis Memberen virun allem zoustänneg fir den Accueil vun de Schoulklassen, déi sech am Virfeld vun der FAE fir de Pechbiller-Concours vun der Chambre d’Agriculture ageschriwwen haten.

De ganze Weekend iwwer kruten d’Intressenten um Stand vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer en Abléck an d’Schaffen vun eisen Organisatiounen. Doniewend hunn  eis Memberen dofir gesuergt, datt ëmmer e gudde Maufel an e killen Himpchen fir d’Visiteuren bereet stung.

 

 

Fotoen, LLJ

Comments are closed.