Landjugenddag 2010

Och déi 36. Editioun vum Landjugenddag hat nees vill Succès. Op Christi-Himmelfahrt 2010, hu vill Frënn a Sympathisante vun der Landjugend de Wee op Ettelbréck fonnt. Eng éischte Kéier konnt dëse beléiften Treff vun der Jugend aus dem ländleche Raum an der Bauerestad vun der Dikrecher Landjugend mat der exemplarescher Zesummenaarbecht vun de Verantwortleche vun der Gemeng Ettelbréck a vu CONVIS organiséiert ginn. Hinne gëllt eise ganz grousse Merci!

Fotoen, LLJ, LLJ Dikrich

Comments are closed.