CTAA – Visite 2011 – Mme Minister Marie-Josée Jacobs

Am Kader vun der 5. Kommissioun vum Partenariat mat dem Burkina Faso huet d’Madame Marie-Josée Jacobs, Minister vun der Kooperatioun an der Action humanitaire,  mat Perséinlechkeeten aus dem Burkina Faso an enger Delegation aus dem Lëtzebuerger Kooperatiounsministär, den 19. Januar 2011, de Centre technique de l’amélioration de la traction asine – CTAA zu Imasgo besicht.

D’Madame Minister konnt sech op der Plaz vun den Aarbechten iwwerzeegen, déi zënter Januar 2008 um CTAA realiséiert ginn. Si huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir mat de Verantwortlechen aus dem CTAA an de Vertrieder vun de lokale Bauerenorganisatiounen zesummenzekommen an op d’Problematik vum Bauerestand um Plateau Central vum Burkina anzegoen.

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.