E wonnerbare Geste vun ALCOVIT am Intressi vum Bauerestand an Afrika

ALCOVIT huet 3.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht am Intressi vum Bauerestand an Afrika un d’Presidente vum Service Jeunesse a vun de LJB & JW iwwerreecht.

Am Kader vun enger sympathescher Feier am Restaurant ‘A Guddesch’ zu Biereng hunn d’Organisatoren vum groussen ALCOVIT’s Bal, d’Häre Rudy Peters, Armin Fuchs, Edmond Zimmer a Jos Conzemius de Presidente René Ernst vum ‘Service Jeunesse vun der Bauerenzentral’ a Christian Hahn vun de ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer’ de 4. August 2011 e Scheck am Wäert von 3.000 € iwwerreecht.

Dës Zomm ass iwwer de Virverkaf vun den Entréesbilljeten (Tombolalousen abegraff) fir den ALCOVIT’s Bal erakomm, dee vu jeeweils 10 Memberen aus den uewe genannten Organisatiounen assuréiert gouf. De Bal ass bekanntlech den 21. Mee 2011 am Kader vum 50. Anniversaire vun der landwirtschaftlecher Fachzäitschrëft ALCOVIT mat groussem Erfolleg an der neier Däichhal zu Ettelbréck ofgehale ginn.

D’Verantwortlech vun ALCOVIT begréissen et, datt béid Jugendorganisatiounen heimat eng éischt gemeinsam Aktion fir e gudden Zweck ënnerholl hunn. Si soen all deenen, déi sech aktiv bedeelegt hunn, e ganz grousse Merci fir hiren Asaz.

De genannte Betrag fléisst integral an d’Kooperatiounsaarbecht vun der ONG ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.’ an Afrika. Detailer zu den Tätegkeeten am Intressi vun der ländlecher Bevölkerung in Afrika fënnt deen Intresséierten an de Bäiträg vun der Rubrik Kooperatiounsprojeten hei um Site.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir de Verantwortleche vun ALCOVIT, vum ‘Service Jeunesse vun der Bauerenzentral’ a vun de ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer’ e ganz grousse Merci fir dee wonnerbare Geste vu Solidaritéit mam mannerbemëttelte Bauerestand an Afrika.

Der Fachzäitschrëft ALCOVIT wënsche mir weiderhi vill Succès bei der Vermëttlung vun der aktueller europäescher an nationaler Agrarpolitik an den Informatiounen iwwer d’Entwécklungen an deene verschidde Beräicher am Ackerbau an an der Véizuucht.

LLJ – Service Coopération

Comments are closed.