Mam Ballon iwwer Lëtzebuerg

Als Unerkennung vum Remy Harpes séngem laangjäregen Engagement un der Spëtzt vum Jugendmouvement, huet d’Lëtzebuerger Landjugend hirem fréiere President en Tour iwwer Lëtzebuerg am Ballon offréiert. De Bong konnt den 11. Juli 2011 ageléisst ginn.


Bekanntlech huet de Remy d’Presidentschaft vun der Jugendorganisatioun vun 2006 bis 2010 assuréiert, déi hien um Landjugenddag 2010 un d’Carmen Schiltz ofgetrueden huet. Bei dëser Geleeënheet huet d’Carmen dem Remy am Numm vun der Lëtzebuerger Landjugend e Bong fir en Tour mam Ballon iwwerreescht, fir him Merci ze soen, fir seng laangjähreg Tätegkeet am Intressi vun eiser Verbandsaarbecht. An der Usprooch huet d’Carmen folgend Wieder un säi Virgänger geriicht:

(…) Éiert ech ofschléissen, well ech dem Remy Merci soe, fir säi laangjäregt Engagement un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Landjugend. Wéi de Remy am Joer 2006, d’Presidentschaft vun der Lëtzebuerger Landjugend iwwerholl huet, huet hien sech d’Zil gesat, fir eis regional Gruppen ëmmer erëm un een Dësch ze bréngen. Bei eenzelne vun eise Gruppe sëtzt sech d’Memberschaft bekanntlech zum groussen Deel aus Baueren zesummen, bei deenen anere besteet si aus Jugendlechen, déi nach kaum mat der Landwirtschaft verwuerzelt sinn. Do heescht et ëmmer, dee richtege Mëttelwee ze fannen, fir un engem Strang ze zéien.

Dëst Ziel hues du sécherlech erreecht an du hues och ëmmer nees kreativ Idee mat an eis Versammlunge bruecht. Esou huet de Remy zum Beispill d’Iddi vum Landjugendkalenner opgeworf  an huet sech esou laang derhannert geknéit bis datt dat lescht Joer (2009) deen éischte Kalenner vun der Lëtzebuerger Landjugend publizéiert konnt ginn.

Mir soen dir e ganz grousse Merci fir däin Engagement a wënschen dir fir deng Zukunft all Guddes.

Den 11. Juli 2011 konnt de Bong dunn ageléisst ginn. De Remy huet äis e puer Fotoen vun de Preparatioun a vum Vol zoukomme gelooss a schreift begeeschtert:

Den 11. Juli 2011 war et esou wäit. Mir kruten moies vu  ‚Ballooning 50° nord’ ugeruff, fir ze froen ob mir owes kéinte matfléien. Mir hunn direkt zougesot. De Rendez-vous zu Furen gouf fir 19:00 Auer festgeluegt. Déi ganz Aktioun sollt bis ongeféier 23:00 Auer daueren. Et war op zwou Manéieren e bëssen opreegend: Weder d’Sonja nach ech selwer si bis elo mat engem Ballon geflunn. Och war et eisen éischten gemeinsamen Owend ouni eist kléngt Emma. Seng Boma sollt hat an d’Bett leeën an dat huet och formidabel geklappt.

Op der Plaz hu mir du gehollef fir opzeriichten an de Ballon opzeblosen, éier d’Aventure gestart konnt ginn. Am éischte Moment ass schonn e bësse komesch wann et an d’Luucht geet an ee sech bewoosst ass, datt ee just an engem klengen Kierfchen steet. Dat huet sech awer ganz séier geluegt a mir hunn déi formidabel Aussicht an de Panorama genoss. Mir sinn iwwert den Niklosbierg bis hanner Housen geflun a ware ronn annerhallef Stonn an der Luucht –  emol ganz héich an emol zimmlech nidderech.

Well et eng ,Première’ war, si mir nom Araumen gedeeft ginn: Fir d’éischt goufen d’Hoer ugeséngt, fir se da mam Crémant ze ‚läschen’.

Der Lëtzebuerger Landjugend well ech bei dëser Geleeënheet e grousse Merci ausschwätzen fir dëse formidable Cadeau. Dat war eng super Iddi!

Fotoen, LLJ

Comments are closed.