Generalversammlung 2012 vun der LLJ – JB & JW Süden

D’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer Süden a.s.b.l. huet hir dësjäreg Generalversammlung, de 27. Januar 2012 zu Biereng (Diddeleng) am Sall vun der ‘Union des Bons Amis’ ofgehalen. Bei dëser Geleeënheet huet de Komitee vum regionale Grupp dem Abbé Romain Richer, Nationalaumônier, e Scheck am Wäert vu 750 € fir d’Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika vun eiser ONG iwwerreecht. Dës Zomm fléisst deemno integral an d’Aarbecht, déi de Service Coopération vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer am Intressi vum mannerbemëttelte Bauerestand am Burkina Faso leescht. Fotoen vum Jil Schiltz:

 

LLJ Süden

Comments are closed.