Zesumme mat de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer organiséiert de Grupp Zuucht vum 31. Mäerz bis 3. Abrëll 2012 eng Studierees an Ostdäitschland (Rostock an Ëmgéigend).
Um Programm vun der Rees si folgend Visite virgesinn:
- Landwirtschaftsberatung Mecklenburg-Vorpommern (www.lms-beratung.de)
- Untersuchungseinrichtung für Landwirtschaft und Umwelt in Mecklenburg-Vorpommern (www.lms-lufa.de)
- Besamungsstatioun Woldegk (www.rinderzucht-mv.de)
- Karls Erlebsnis-Bauernhof (www.karls.de)
- Landwirtschaftlech a Mëllechvéi-Betriber an der Ëmgéigend vu Rostok
Doniewent treffe mir äis mat Jongbaueren a Jongziichter aus Mecklenburg-Vorpommern. Op touristeschem Plang ass en Tour an de Staddeel Warnemünde vu Rostock an op d’Ostsee geplangt.
Präis:
bei mindestens 21 Persounen: 359 €
bei mindestens 26 Persounen: 322 €
Déi Intresséiert kënnen sech um Tel. 691 836 813 mam Christophe Majerus, President vum Grupp Zuucht, a Verbindung setzen oder hir Umeldung direkt per E-mail iwwer landju@pt.lu eraginn.