Generalversammlung 2012 vun der Landjugend Maacher

D’Lëtzebuerger Landjugend Maacher huet den 10. Mäerz op hir Generalversammlung 2012 an de Café du Commerce op Rouspert agelueden. Bei dëser Geleeënheet huet de Komitee dem Franz Glodt, Permanent LLJ – JB & JW, e Scheck am Wäert vun 1.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika vun der ONG ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération’ iwwerreecht. Dës Zomm fléisst an d’Aarbecht, déi d’ONG am ländleche Milieu am Congo, Burkina Faso a Kamerun leescht.

Fotoen, LLJ Maacher

Comments are closed.