Generalversammlung 2012 vun der Landjugend Furen

D’Lëtzebuerger Landjugend Fueren huet den 9. Mäerz op hir Generalversammlung 2012 an de ‘Bau’ op Furen agelueden. Bei dëser Geleeënheet huet de Komitee dem Abbé Romain Richer, Nationalaumônier, a Franz Glodt, Permanent, e Scheck am Wäert vun 1.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika vun der ONG ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération’ iwwerreecht. Dës Zomm fléisst an d’Aarbecht, déi d’ONG am ländleche Milieu am Congo, Burkina Faso a Kamerun leescht.

 

LLJ Furen

Comments are closed.