Kategorie-Archiv: LLJ Furen

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Furen a.s.b.l.

Impressiounen vum Neijooschpatt 2016

Galerie mat 10 Fotoen.

Hei e puer Impressiounen vum Neijooschpatt vum 15. Januar 2016, op deen d’Nationalpresidenten – an Zesummenaarbecht mat der Landjugend Furen – d’Memberen vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer op Furen “An de Bau” invitéiert haten. (Fotoen: Romain Richer)

Fotoen, LLJ Furen | Méi Gallerien | Comments Off on Impressiounen vum Neijooschpatt 2016

Theaterowender zu Branebuerg

Theaterowender zu Branebuerg 2015 - 2De Landjugendgrupp Furen an “Damp an der Këscht” invitéiere ganz häerzlech op hir Theaterowender zu Branebuerg:

e Samschdeg, den 21. November 2015 ( um 20:00 Auer),

e Samschdeg, den 28. November 2015 (um 20:00 Auer) oder

e Sonndeg, de 29. November 2015 (um 19:00 Auer)

Reservatioun um Tel. 83 40 20 oder per Mail reservation@dampanderkescht.lu

Entrée: 8 €

 

FacebookTwitter
Downloads, LLJ Furen | Comments Off on Theaterowender zu Branebuerg

Scheckiwwerreechung vun der Landjugend Furen

Furen - Scheckiwwerreechung 2015 - 2Och dee regionale Landjugendgrupp Furen huet op en Neits seng Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung an Afrika mat engem Scheck vu 5.000 € ausgedréckt.

Op der dësjäreger uerdentlecher Generalversammlung, op déi de Comité d’Memberen an déi Interesséiert e Freideg, den 13. Mäerz 2015 op Furen ‚an de Bau‘ invitéiert hat, huet den Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D, de Scheck entgéint geholl, an dem Comité vun deene Furener säi grousse Merci fir dës aussergewéinlech héich Ënnerstëtzung vun der Kooperatiounsaarbecht ausgeschwat.

De Patrick Coenjaerts, President vum dynamesche Landjugendgrupp, huet betount, datt dëse Scheck en Deel vum Erléis vum 40. Landjugenddag duerstellt, deen déi Verantwortlech mat de mannerbemëttelte Populatiounen an Afrika deele wëllen. Bekanntlech huet d’Landjugend Furen d‘Jubiläumseditioun vum Landjugenddag (2014) am Parc Housen mat groussem Succès organiséiert.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir deene Verantwortleche vum Grupp e ganz ganz grousse Merci, fir hir Generositéit!

 

FacebookTwitter
LLJ – Service Coopération, LLJ Furen | Comments Off on Scheckiwwerreechung vun der Landjugend Furen

Theater-Owender vun der Landjugend Furen

Theaterowender 2014D’Landjugend Furen an d’A.s.b.l. Damp an der Këscht invitéiere ganz häerzlech op hir Theater-Owender zu Branebuerg,

e Samschdeg, 22. November 2014 (20:00 Auer),
e Samschdeg, 29. November 2014 (20:00 Auer)
an e Sonndeg, 30. November 2014 (19:00 Auer)

Reservatioun um Tel. 83 40 20 oder per Mail: reservation@dampanderkëscht.lu

 

FacebookTwitter
Downloads, LLJ Furen | Comments Off on Theater-Owender vun der Landjugend Furen

Eng weider flott Editioun vum Landjugenddag

Galerie mat 147 Fotoen.

Op Christihimmelfahrt, en Donneschdeg den 29. Mee 2014, huet de regionale Landjugendgrupp “Furen” op deen dësjärege Landjugenddag op Housen invitéiert. Iwwerzeegt Iech selwer an dëser Billergalerie dovun, datt och de 40. Landjugenddag e volle Succès kannt huet. D’Resultater vun den … Weider liesen

Downloads, Fotoen, LLJ, LLJ Furen | Méi Gallerien | Comments Off on Eng weider flott Editioun vum Landjugenddag

Theaterowender zu Furen

Flyer Theater 2013D’Lëtzebuerger Landjugend Furen invitéiert op en Neits op hir traditionell Theaterowender zu Branebuerg,

e Samschdeg, den 23. November,
e Samschdeg, den 30. November an
e Sonndeg, den 1. Dezember 2013.

Gespillt gëtt dee lëschtegen Dräiakter: Eng Läich am Schaf. Rido um 20:00 Auer.

D’Reservatiounen kënne per Mail kojak5113@web.de oder iwwer Tel. 83 40 20 virgeholl ginn. Weider Detailler fënnt deen Interesséierten op dësem Flyer.

FacebookTwitter
LLJ Furen | Comments Off on Theaterowender zu Furen

Theaterowender zu Branebuerg

D’Landjugend Furen invitéiert ganz häerzlech op dee lëschtegen 3-Akter “De Rass am Film“, deen e Samschdeg, de 24. November 2012, e Samschdeg, den 1. Dezember 2012 an e Sonndeg, den 2. Dezember 2012, am Festsall zu Branebuerg opgefouert gëtt.

Reservatioun um Tel. 83 40 20.

FacebookTwitter
LLJ Furen | Comments Off on Theaterowender zu Branebuerg