Kategorie-Archiv: LLJ Uewersauer

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Uewersauer a.s.b.l.

46. Landjugenddag, den 21. Mee 2020 zu Harel

An de leschte Méint hu sech déi Jonk vum Landjugendgrupp Uewersauer mat vill Motivatioun zesummegedoen, fir de Landjugenddag 2020 op d‘Been ze stellen. Mat engem neien a relativ jonke Comité hu si no engem erfollegräiche Summer Opening-Bal 2019 den Optrag kritt, de 46. Landjugenddag ze organiséieren. Si hunn zanterhier méintelaang op benevoller Basis dru geschafft, fir datt och dës Editioun mam Rallye e grousse Succès gëtt. D´LLJ Uewersauer invitéiert Iech deemno op Harel fir dëse 46. Landjugenddag.

Den 1. Landjugenddag ass 1975 vun der Landjugend Cliärref organiséiert ginn an ass zanterhier e feste Rendez-vous am Kalenner vun der LLJ. Déijéineg, déi vun dëser Geleeënheet profitéieren, kënne vill schéi Plazen hei am Land entdecken a sech mat der Ekipp den Erausfuerderunge vum Rallye stellen. Fir déijéineg, déi sech net sportlech engagéieren wëllen, bitt sech awer och d’Méiglechkeet d’Ekippe bei engem Trëppeltour iwwert de Parcours ze ënnerstëtzen.

Fir Iessen a Gedrénks an awer och fir Animatioun fir Grouss a Kleng ass beschtens gesuergt. Et lount sech deemno, den 21. Mee 2020 op Harel ze kommen. Jidderee ka vun dësem Dag profitéieren fir mat Famill a Frënn e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen.

Angèle Mersch
Presidentin
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.

 

Programm vum 46. Landjugenddag

 

LLJ, LLJ Uewersauer | Comments Off on 46. Landjugenddag, den 21. Mee 2020 zu Harel

Kniddelsiessen vun der LLJ Uewersauer

D’Landjugend Uewersauer invitéiert ganz häerzlech op hiert

Kniddelsiessen

e Sonndeg, den 28. Oktober 2018

am Sall zu Bauschelt.

Umeldung bis den 18. Oktober 2018: Tel. 691 264 238 oder jenny98@pt.lu

 

LLJ Uewersauer | Comments Off on Kniddelsiessen vun der LLJ Uewersauer

Béierkëschte-Stapel-Concours

Béierkëschte-StapelenD’Landjugend Uewersauer invitéiert all d’Landjugendgruppen op hire Béierkëschte-Stapel-Concours, e Sonndeg, de 27. Abrëll 2014 zu Näertrech an der Hal vun Nico Eschette.

Um 11:00 Auer: Apéro mat uschléissendem Mëttegiessen.

Umeldung bis den 19. Abrëll 2014 bei der Gruppesekretärin um Tel. 691 867 221.

LLJ Uewersauer | Kommentar hannerloossen

3. Jonggesellestee

D’Landjugend Uewersauer invitéiert ganz häerzlech op déi 3. Jonggesellestee, e Samschdeg, den 20. Oktober 2012 zu Näertrech bei Wooltz.

Ufank 21.00 Auer mat Happy Hour bis 22:00 Auer.

Fir d’Moderatioun ass de Mike Folschette vum Eldoradio zoustänneg.

LLJ Uewersauer | Kommentar hannerloossen