Impressioune vum Béierkëschtestapel-Concours

E Sonndeg, de 27. Abrëll 2014, huet d’Landjugend Uewersauer um landwirtschaftleche Betrib vum Nico Eschette e Béierkëschtestapel-Concours fir all d’Landjugendgruppen aus dem Land organiséiert. Bei Spill a Spaass gouf esou d’Geleeënheet gebueden, fir e puer flott Stonnen ënner Frënn ze verbréngen an sech besser ënnerenee kennen ze léieren.

Mir soen dem Nico Eschette e grousse Merci fir d’Bereetstelle vun der Hal. Un déi Verantwortlech vun der Landjugend Uewersauer geet e spezielle Merci fir d’Organisatioun vun der flotter Aktioun. Dem Romain Richer soe mir Merci fir d’Fotoen, déi äis et erlaben, e puer Impressioune vun der Aktioun ze kréien.

Fotoen, LLJ Uewersauer

Hannerlooss eng Äntwert