Géint den transatlantesche Fräihandelsaccord TTIP

13 Associatiounen, dorënner Gewerkschaften, de Konsumenteschutz, Ëmweltorganisa-tiounen, sozial Associatiounen an d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer hu sech zesummegedoe fir “Neen” zum geplangtenen transatlantesche Fräihandelsaccord tëscht der EU an den USA ze soen – dem TTIP – dem Transatlantic Trade and Investment Partnership.

Mam Fräihandelsaccord ginn europäesch Standarden an Domainer wéi dem Klimaschutz, der Landwirtschaft, am soziale Beräich oder dem Konsumenteschutz, fir déi joerelaang gekämpft gouf, a Fro gestallt, kritiséiert d’Blanche Weber vum Mouvement écologique, ouni datt iwwerhaapt driwwer diskutéiert gëtt.

D’Kritiker fäerten ënnert anerem, datt d’Amerikaner d’Gen-Technik a Produkter aus risege landwirtschaftleche Betriber op den europäesche Marché bréngen. An den USA géif fir d’éischt probéiert an dann nogebessert, do wou an der EU de Precautiounsprinzip gëllt.

Déi 13 Associatiounen sti mat hire Suergen a Kritike bäi Wäitem net eleng do. Méi wéi 60 Organisatiounen haten e Méindeg (05/05/2014) zu enger grousser Protestaktioun zu Berlin opgeruff. Si hunn eegenen Aussoen no méi wéi 600.000 Ënnerschrëfte géint de Fräihandelsaccord gesammelt.

Text: www.rtl.lu / Positiounspabeier

Downloads, Fotoen

Hannerlooss eng Äntwert