Kategorie-Archiv: LLJ Zenter

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Zenter a.s.b.l.

Dag vun der Kooperatioun

LLJ-Service Coopération an LLJ-Zenter invitéiere ganz häerzlech op „En Dag vun der Kooperatioun“ zugonschte vun de Kooperatiounsprojeten an Afrika vun der LLJ:

Sonndeg, de 19. November 2023 zu Gréiwels

10:00 Auer: Mass an der Kierch St. Donatus, Gréiwels, mat Virstellung vun de Kooperatiounsprojeten, déi am Burkina Faso realiséiert ginn

uschléissend am Centre Nei Brasilien (L-8838 Grevels Wahl):  Concert, Apero, gesellegt Zesummesinn, Kannerbastelatelier, Tombola

13:00 Auer Mëttegiessen:

Scampis à discrétion, Räis, Dessert, Kaffi :  27,00 €  (fir Kanner bis 12 Joer : 13,50 €)

Bouchée à la Reine, Räis, Dessert, Kaffi :     25,00 €  (fir Kanner bis 12 Joer : 12,50 €)

 

Den Erléis vum Dag fléisst an d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG-D Service Coopération am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso leescht.

 

Umeldung bis den 05.11.23: Pierre Prickaerts – ljzenter@hotmail.com

LLJ, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter | Comments Off on Dag vun der Kooperatioun

Dag vun der Kooperatioun

An Zesummenaarbecht mam Verwaltungsrot vun der ONG « LLJ – Service Coopération a.s.b.l. » invitéiert d’LLJ Zenter ganz häerzlech op hiren dësjäregen

Dag vun der Kooperatioun
e Sonndeg, de 14. November 2021
am Festsall zu Groussbus.

De Programm vum Dag zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso leescht, gëtt deemnächst hei publizéiert.

LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter | Comments Off on Dag vun der Kooperatioun

Generéis Ënnerstëtzunge vun der Aarbecht vun der ONG duerch déi regional LLJ-Gruppen

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir de Verantwortleche vun der Landjugend Cliärref, der Landjugend Süden an der Landjugend Zenter e grousse MERCI fir déi schéi Geste vu Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso.

No/am Virfeld vun hire respektive Generalversammlungen 2021 (deelweis iwwer ZOOM) hunn si der ONG 500 € (LLJ Cliärref), 1.000 € (LLJ Süden) an 2.000 € (LLJ Zenter) zoukomme gelooss.

BRAVO!!!

LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref, LLJ Süden, LLJ Zenter | Comments Off on Generéis Ënnerstëtzunge vun der Aarbecht vun der ONG duerch déi regional LLJ-Gruppen