Dag vun der Kooperatioun

LLJ-Service Coopération an LLJ-Zenter invitéiere ganz häerzlech op „En Dag vun der Kooperatioun“ zugonschte vun de Kooperatiounsprojeten an Afrika vun der LLJ:

Sonndeg, de 19. November 2023 zu Gréiwels

10:00 Auer: Mass an der Kierch St. Donatus, Gréiwels, mat Virstellung vun de Kooperatiounsprojeten, déi am Burkina Faso realiséiert ginn

uschléissend am Centre Nei Brasilien (L-8838 Grevels Wahl):  Concert, Apero, gesellegt Zesummesinn, Kannerbastelatelier, Tombola

13:00 Auer Mëttegiessen:

Scampis à discrétion, Räis, Dessert, Kaffi :  27,00 €  (fir Kanner bis 12 Joer : 13,50 €)

Bouchée à la Reine, Räis, Dessert, Kaffi :     25,00 €  (fir Kanner bis 12 Joer : 12,50 €)

 

Den Erléis vum Dag fléisst an d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG-D Service Coopération am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso leescht.

 

Umeldung bis den 05.11.23: Pierre Prickaerts – ljzenter@hotmail.com

LLJ, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter

Comments are closed.