LLJ.News 03/2023

Déi nei Editioun vum LLJ.News (03/2023) an digitaler Form ass fäerdeg! 🥳

Eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionale LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, kruten dës Zeitung lescht Woch per Mail zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d’Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, respektiv, déi demnächst ustinn:

An dëser Editioun gi mir op folgend Themen an:

  • Flott Interviewen mat eisem neien Nationalpresident Charel Ferring an eiser Vizenationalpresidentin Sara Thill
  • Eis national Landjugend-Power-Aktioun
  • en Artikel vun der Landjugend Cliärref, souwéi der Landjugend Zenter iwwert hir Aktivitéiten vun deene leschte Méint a Wochen

Desweideren :

  • E Réckbléck op d’Foire Agricole 2023 zu Ettelbréck
  • Vun eiser ONG: d‘Rentrée am Lycée EFTP zu Zambélé am Burkina Faso souwéi engem flotten Artikel iwwert d’Wichetgkeet vum Waasser.
  • Déi generéis Ënnerstëtzung, déi et eiser ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service coopération asbl erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren.
LLJ

Comments are closed.