46. Landjugenddag, den 21. Mee 2020 zu Harel

An de leschte Méint hu sech déi Jonk vum Landjugendgrupp Uewersauer mat vill Motivatioun zesummegedoen, fir de Landjugenddag 2020 op d‘Been ze stellen. Mat engem neien a relativ jonke Comité hu si no engem erfollegräiche Summer Opening-Bal 2019 den Optrag kritt, de 46. Landjugenddag ze organiséieren. Si hunn zanterhier méintelaang op benevoller Basis dru geschafft, fir datt och dës Editioun mam Rallye e grousse Succès gëtt. D´LLJ Uewersauer invitéiert Iech deemno op Harel fir dëse 46. Landjugenddag.

Den 1. Landjugenddag ass 1975 vun der Landjugend Cliärref organiséiert ginn an ass zanterhier e feste Rendez-vous am Kalenner vun der LLJ. Déijéineg, déi vun dëser Geleeënheet profitéieren, kënne vill schéi Plazen hei am Land entdecken a sech mat der Ekipp den Erausfuerderunge vum Rallye stellen. Fir déijéineg, déi sech net sportlech engagéieren wëllen, bitt sech awer och d’Méiglechkeet d’Ekippe bei engem Trëppeltour iwwert de Parcours ze ënnerstëtzen.

Fir Iessen a Gedrénks an awer och fir Animatioun fir Grouss a Kleng ass beschtens gesuergt. Et lount sech deemno, den 21. Mee 2020 op Harel ze kommen. Jidderee ka vun dësem Dag profitéieren fir mat Famill a Frënn e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen.

Angèle Mersch
Presidentin
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.

 

Programm vum 46. Landjugenddag

 

LLJ, LLJ Uewersauer

Comments are closed.