Generalversammlung 2013 vun der LLJ Uewersauer

E Samschdeg, de 5. Januar 2012 huet d’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer Uewersauer a.s.b.l. op hir dësjäreg Generalversammlung op Bärel agelueden. Um Uschloss un d’AG huet de Komitee dem Abbé Romain Richer, Nationalaumônier a President vun der ONG, e Scheck am Wäert vun 330 € iwwerreescht, déi de regionale Grupp op hirer Jonggesellestee 2012 erwirtschaft huet.
Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir deene Verwantwortleche vum Grupp e grousse Merci fir dee sympathesche Geste zugonschte vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika.

LLJ Uewersauer

Hannerlooss eng Äntwert