Klenge Réckbléck op d’Landjugend-Power-Aktioun vun der LLJ Süden

Am Kader vun der Landjugend-Power-Aktioun 2012, hunn d’Membere vum regionale Landjugendgrupp  Süden, de 17. November 2012 ronn 750 Hecken bei der Gemeng vu Monnerech ugeplanzt. Aus organisatoresche Grënn hat d’Gemeng d’Aktioun, déi ursprünglech fir de Weekend vum 8. an 9. September 2012 geplangt war, op e spéideren Datum verluecht.

De Landjugendgrupp weist an deem Zesummenhang op déi flott Zesummenaarbecht mat de Verantwortlechen aus der Gemeng hin a seet hinnen e ganz grousse Merci, fir de sympatheschen Empfang bei Geleeënheet vum Ofschluss vun den Aarbechten.
Fotoen, LLJ, LLJ Süden

Hannerlooss eng Äntwert