Scheckiwwerreechung vun der Landjugend Furen

Furen - Scheckiwwerreechung 2015 - 2Och dee regionale Landjugendgrupp Furen huet op en Neits seng Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung an Afrika mat engem Scheck vu 5.000 € ausgedréckt.

Op der dësjäreger uerdentlecher Generalversammlung, op déi de Comité d’Memberen an déi Interesséiert e Freideg, den 13. Mäerz 2015 op Furen ‚an de Bau‘ invitéiert hat, huet den Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D, de Scheck entgéint geholl, an dem Comité vun deene Furener säi grousse Merci fir dës aussergewéinlech héich Ënnerstëtzung vun der Kooperatiounsaarbecht ausgeschwat.

De Patrick Coenjaerts, President vum dynamesche Landjugendgrupp, huet betount, datt dëse Scheck en Deel vum Erléis vum 40. Landjugenddag duerstellt, deen déi Verantwortlech mat de mannerbemëttelte Populatiounen an Afrika deele wëllen. Bekanntlech huet d’Landjugend Furen d‘Jubiläumseditioun vum Landjugenddag (2014) am Parc Housen mat groussem Succès organiséiert.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir deene Verantwortleche vum Grupp e ganz ganz grousse Merci, fir hir Generositéit!

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Furen

Hannerlooss eng Äntwert