Generalversammlung vun der Landjugend Zenter

D’Lëtzebuerger Landjugend Zenter huet den 23. Mäerz op hir Generalversammlung 2012 an de Café ‘Um Wier’ op Useldeng agelueden. Bei dëser Geleeënheet huet de Komitee dem Chanoine Leo Wagener, oftriedende President vun der ONG, e Scheck am Wäert vun 3.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika vun der ONG ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération’ iwwerreecht.

Op dee geplangten Don vun 2.500 €, hunn déi Verantwortlech vun der Landjugend Zenter nach 500 € drop gesat, fir dem Leo hire Merci auszedrécken, fir d’Aarbecht an den Engagement, déi de laangjäregen Nationalaumônier am Déngscht vun de Verbänn vun der LLJ – JB&JW geleescht huet.

Dee gesamte Montant fléisst an d’Aarbecht, déi d’ONG am ländleche Milieu am Congo, Burkina Faso a Kamerun realiséiert.

Fotoen, LLJ Zenter

Comments are closed.