Réckbléck op d’Generalversammlung 2012 vun der ONG

En Dënschdeg, de 27. Mäerz huet de Conseil d’administration vun der ONG ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.’ op déi uerdentlech Generalversammlung vum Joer 2012 an de Centre Convict agelueden.

Bei dëser Geleeënheet huet de Vizepresident Carlo Schiltges, dem Chanoine Leo Wagener, ofdankende President, seng grouss Unerkennung ausgedréckt, fir deen iwwer 20järegen a virbildlechen Asaz un der Spëtzt vun der Associatioun. Hien huet dem Leo vill Satisfactioun an eng glécklech Hand beim Ausübe vu senger Tâche am Intessi vun der Lëtzebuerger Kierch gewënscht.

Dem Abbé Romain Richer, Nationalaumônier vun der LLJ – JB & JW, deen d’Fonktioun vum neie President vun der ONG iwwerholl huet, huet den CA seng voll Ënnerstëtzung zougesot.

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.