Scheckiwwerreeschung am Kader vun der Generalversammlung vun der Landjugend Uewersauer

Eemol méi huet d’Landjugend Uewersauer hir Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung an Afrika duerch e generéise Geste zum Ausdrock bruecht. Si huet am Kader vun hirer Generalversammlung, déi den 3. Mäerz 2012 am Café ‘Op der Féitsch’ zu Allerbuer ofgehale gouf, e Scheck am Wäert vun 1.300 € un den Abbé Romain Richer, Nationalaumônier vun der LLJ – JB&JW, fir d’Kooperatiounsaarbecht vum Service Coopération vun de LJB&JW iwwerreecht.  Am Numm vun dee Benefiairen seet de Verwaltungsrot vun der ONG deem dynamesche Grupp e ganz grousse Merci!

LLJ Uewersauer

Comments are closed.